Objectives
Den iwwergräifenden Objektiv vun dësem Netzwierk ass d’Promotioun vum Evidence Based Nursing duerch:
- Ënnerstëtzung: vu Projeten um Terrain zur Promotioun vun enger Fleeg déi op wëssenschaftlechen Resultater berout (bspw. Uspriechpartner fir Leitlinnen déi d’Fleeg betreffen),
- Vernetzung:
- Infirmièren, déi un der Evidence Baséierter Fleeg, der Fleegewëssenschaft an -fuerschung interesséiert sinn,
- Potentielle Kooperatiounspartner,
- Potentiellen Interviewpartner,
- Sammlung an Diskussioun vun nationalen an internationalen:
- Projeten zur Promotioun vun evidence baséierter Fleeg,
- fleegewëssenschaftlechen Projeten,
- Best Practices,
- Systemer.
- Informatioun a Motivatioun: vun den Infirmièren an Infirmieren zur Weiterbildung mat engem international unerkanntem Ofschloss an zu méigleche Karriären an der Fleeg,
- Fleegefuerschung: (Ënnerstëtzung bei der) Duerchféiere vu Fleegefuerschungsprojeten (Hierstellung vun Kontakter, Multiplikator / Verbreedung vun Informatiounen zur Studie,...),
- Wëssensaustausch: zu Methoden an Erfarungen an der Fleegefuerschung an -wëssenschaft (Formatiounen, Präsentatioune vu Fuerschungsprojeten, “Journal Club”,...),
- Ressourcen: Austausch vu Ressourcen (Literatur, Methoden,...),
- Reduzéierung vun onnéidegen Iwwerschneidungen.