13.11.2023: Stellenausschreiwung: Administrativ/e Mataarbechter/in (m/w) fir 20 Stonnen /Woch) (CDI)

publié le 13.11.2023

D'Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren zu Lëtzebuerg (ANIL) sicht en/g administrativ/e Mataarbechter/in (m/w) an Deelzäit (20 Stonnen /Woch) (CDI).



Beschreiwung vun der ANIL:

D'ANIL vertrëtt an ënnerstëtzt d'Infirmièren an Infirmieren zu Lëtzebuerg an organiséiert ënner anerem Formatiounen, Pressekonferenzen an hëlt un interministeriellen Aarbechtsgruppen deel.

Mir sichen:

en/g administrativ/e Mataarbechter/in (Start am Januar 2024 oder no Disponibilitéit)

Är Aufgaben:

Enner der Responsabilitéit vum Comité sidd Dir als eenzeg/e Mataarbechter/in autonom fir déi administrativ Ënnerstëtzung responsabel

  • logistesch an administrativ Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vu Reuniounen, Evenementer oder spezielle Projeten,
  • virbereedend Aarbechte fir eng uerdentlech Comptabilitéit , dorënner och Gerance vun de Finanzen, Virbereedung vu Bezuelungen, Zesummestellung vu Beleeger asw.
  • alldeeglech Sekretariatsaufgabe wéi E-Mailverkéier, Schrëftverkéier, Invitatiounen, Kopien, Archivage, Layout-Aarbechten, asw.
  • Verwaltung vum Courrier an de Suivi
  • Telefoneschen Accueil an éischt Informatioune fir Memberen zu Aktivitéiten, Verëffentlechungen, asw.
  • Optimiséierung vun der digitaler Verwaltung
  • Promotioun vun der Weiderentwécklung vun eiser Associatioun.

Äre Profil:

  • DAP- oder DT-Niveau (division administrative) oder equivalent
  • Kenntnisser an der Budgeterstellung an -verwaltung
  • Organisatiouns- a Redaktiounskompetenzen an den dräi Landessproochen
  • Ausgezeechent Kommunikatiounskompetenzen
  • Ganz gutt Kenntnisser am MS Office a sécheren Ëmgang mat digitalen Outilen
  • Interesse an Suivi vun der Gesondheetspolitik
  • Eegeninitiativ an Engagement

Mir bidden:

  • Onbefristeten Aarbechtsvertrag (CDI) an Deelzäit (20 Stonne pro Woch)
  • Eng spannend Aarbecht zu Gonschte vun engem essentiele Beruff
  • Perséinlech a berufflech Weiderentwécklung
  • Villsäiteg an usprochsvoll Aufgaben, déi de privilegéierte Kontakt zu den Interessensgruppen erméiglechen
  • Eng Remuneratioun, déi Ärer Erfarung a beruffleche Qualitéiten entsprécht
  • Méiglechkeet vu flexibel Aarbechtszäiten

Interesséiert? Dann schéck deng Kandidatur eran op bex@anil.lu