Aktivitéiten fir d'Visibilitéit vun der ANIL an dem Infirmiers-Beruf ze verbesseren


2019

  • 17/06/2019: Artikel am Wort: Unterschätzte Helfer

2018

  • 20/04/2018: Vertrieden vum Beruff op der Journée de l'orientation "Zoom Day" vum Lënster Lycée

2017

D’Ministesch weist sech wuel oppe fir Diskussiounen zum Thema "Cellule" beim Ministère, déi fir d'Fleegepolitik zoustänneg ass. Fir den Recht verweist si op den Audit an den Urgence.
Der ANIL war et wichteg eise Beruff am Fall vum RTL-Commentaire ze vertrieden! Eis Presidentin Michele Halsdorf huet sech mat der Journalistin getraff.
  • 07.03.2017: Stand op der Journée d'orientation Lycée Nic-Biever Dudelange
Am perséinlechen Austausch konnten d'SchülerInnen all hier Froe stellen. Duerch d'Erzielungen aus dem Aarbechtsalldag konnten d'SchülerInnen sech eng éischt Virstellung dovunner maachen, wou Fleegepersonal schafft, wat mir maachen, wéi mir dat leieren an wat et wierklech bedeit als Infirmière ze schaffen.
D'ANIL huet den Communiqué iwer d'Pénurie am Infirmiersberuf un d'Lëtzebuerger Press, souwéi un déi zwee betraffen Ministeren geschéckt, d'Madame Lydia Mutsch fir den Ministère de la Santé an den Här Claude Meisch fir den Ministère de l'Education nationale an den Ministère de l'Enseignement supérieur. Hei gesitt dir éischt Reaktiounen aus der Press.

2016

  • 11/2016: Stand op der Foire de l'étudiant
  • 07/2016: Grënnung Facebook-Säit
  • 02/2016: Néi Internetsäit
  • 01/2016: Engagement vun enger Infirmière 10 St./ Woch

2011

  • 2011: Promotiounscampagen fir den Infirmières-Beruf (Broschüre mat der Geschicht vum Beruf an aktuellen Témoignagen, Ausstellung vun engem Joer)

Weider Informatiounen


That’s great, you could even be a nurse if you wanted to!