CAFÉ DE L'INFIRMIÈRE


Den 13ten März gouf d'Thema Delir um Café de l'Infirmière "A Guddesch" diskutéiert.

Den Michael Dewes, Grënnungsmember vum Nationale Arbechtsgrupp Delir Lëtzebuerg NAD-L konnt d‘Entstehung an d‘Zieler vum NAD-L erklären. Och ass hien op déi aktuell Recommandatiounen vun Leitlinnen zum Delirmanagement, der Delirpräventioun souwéi der Definitioun vun engem Delir agaangen.

Uschléissend hunn Infirmièren an Infirmieren aus den Beräicher Psychiatrie, Palliativ- an Akutfleege sech iwwert hir Erfarungen um Terrain ausgetosch.

En kuerzen Rapport vum Owend fannt dir hei.

Wann dir iech fir d'Thema Delir interesséiert, kennt dier den Newsletter vum Grupp hei abonnéieren.

Den Datum an d'Thema vum nächsten Cafe de l'Infirmière wäerten hei publizéiert ginn.


Cafe_de_l_infirmiere_032018