Actualités nationales
22.12.2020 Bréif un d'Chrëschtkëndchen
Publié le 02. 01 2021Léif Chrëschtkëndchen,
Eis ass bewosst, dass net ëmmer all Situatioun virauszegesinn ass, datt mir mat Mënschen schaffen an datt all Mënsch aneschters ass.A genau dofir brauche mir méi Ënnerstëtzung bei eisem alldeeglechen Kampf mam Virus.Den Secteur extra-hospitalier ass an villen Sachen vergiess ginn, dobäi hätt een esou vill kenne machen!D'ANIL huet eng Wonschlëscht un d'Chrëschtkëndchen gescheckt wat alles am Secteur extra-hospitalier gebraucht get (fir e puer Saachen ass et leider schonn ze spéit).Wien kann hei intervenéieren oder gesäit seng Missioun fir eis heiranner ze hëllefen?25.02.2021 Reported: Creation of a «Network Clinical Nursing Sciences Luxembourg» (NCNSL)
Publié le 24. 10 2020The ICN code of ethics for nurses states that the nurse is active in developing a core of research-based professional knowledge that supports evidence-based practice. Performing this mission is impossible in the absence of the nursing sciences.The Luxembourgish Nursing Association (ANIL) is proud to announce the creation of the “Network Clinical Nursing Sciences Luxembourg”.12.05.2020 Internationalen Dag vun der Infirmière. Communiqué de Presse MiSa - ANIL
Publié le 11. 05 2020
Fir den Dag vun der Fleeg hun den Gesondheetsministère an d'ANIL en gemeinsamen Pressecommuniqué erausginn.
Fannt d'Dokument hei.12.05.2020 Professionell Fleeg - Game changer feieren 200 Joer
Publié le 11. 05 2020Virun 200 Joer ass d'Florence Nightingale an domadder déi éischt professionell Infirmière gebuer ginn. Säitdeem ass vill Zäit vergaangen an et huet sech vill geännert. An dach gi mir eis falsch Bescheidenheet nëmme schwéier lass: "Ech si just d'Infirmière“. Dëst ass ee vun de Grënn firwat eréicht säit der Corona-Pandemie de Beruff vun der Infirmière/ dem Infirmier ëffentlech diskutéiert. D'Roll vun eiser Beruffsgrupp gëtt der Gesellschaft a Politik bewosst. Et kritt ee bal d’Gefill et géing eisen Beruff réischt säit der Pandemie ginn. Dobäi gëtt et en scho säit 200 Joer! An dës Experte vun der Fleeg musse fir sech selwer schwätze kënnen.
An hierem Rapport „State of the world‘s nursing“ fuerdert d’WHO d'Regierungen an all concernéiert Acteuren dozou op an d‘Formatioun, d‘Arbeschtsplatzen an de Leadership vun den Infirmièren an Infirmieren ze investéieren. Den Chief Nursing Officer ass eng vun den zentralen Fuerderungen.
Mir freeën eis haut um Dag vun den Infirmièren matdeelen ze kennen, dass d’Gesondheetsministesch eiser Fuerderung vun engem Chief Nursing Officer zu Lëtzebuerg nokommen kann. Dës Fuerderung haaten mir an eiser Pressekonferenz If you’re not on the table you’re on the menu nachmol kloer kommunizéiert.
Duerch dëse Schrëtt kann d‘Roll vun den Infirmieren am Gesondheetsministère gestäerkt ginn. Dënn Chief Nursing Officer ass dowéinst en wichtege Schrëtt an eng immens Wäertschätzung vun der Aarbecht vun all Infirmier(e) wärend an no der Corona-Pandemie!
Méi Informatiounen zum Chief Nursing Officer fannt Dir hei
Eng grouss Wäertschätzung waren och déi vill Ënnerstëtzunge vun der Gesellschaft. Vun Kaffiskichelcher, Hamburger iwer léif Message bis zu gespenter Schutzausrüstung war alles dobäi.
Mir wëlle vun dëser Geleeënheet profitéiere fir nachmol villmools Merci ze soen! Mir sinn duerch déi fréi Reaktioun vun eiser Regierung an der Disziplin vun der Bevëlkerung nachmol kuerz laanscht eng Katastrophe komm an dëse Confinement dreift vill Betriber an eng existenziell Kris!
Merci, dass Dir eis trotz der Kris ënnerstëtzt hutt! Mir wäerten och weiderhin alles ginn, fir eis Populatioun gesond ze fleegen.10.05.2020 D'ANIL huet en neie Logo
Publié le 10. 05 2020Fir Joer 2020 huet d’ANIL e neie Logo ausschaffe gelooss, deen den Infirmieren déi Platz gëtt, déi si verdéngt hunn.
Spréch d’Infirmière / den Infirmier ass déi Persoun, déi de Krees an der Gesondheetsversuergung zou mécht an kuckt, dass et ronn leeft.


