Actualité
12.05.2020 Professionell Fleeg - Game changer feieren 200 Joer
Publié le 11. 05 2020Virun 200 Joer ass d'Florence Nightingale an domadder déi éischt professionell Infirmière gebuer ginn. Säitdeem ass vill Zäit vergaangen an et huet sech vill geännert. An dach gi mir eis falsch Bescheidenheet nëmme schwéier lass: "Ech si just d'Infirmière“. Dëst ass ee vun de Grënn firwat eréicht säit der Corona-Pandemie de Beruff vun der Infirmière/ dem Infirmier ëffentlech diskutéiert. D'Roll vun eiser Beruffsgrupp gëtt der Gesellschaft a Politik bewosst. Et kritt ee bal d’Gefill et géing eisen Beruff réischt säit der Pandemie ginn. Dobäi gëtt et en scho säit 200 Joer! An dës Experte vun der Fleeg musse fir sech selwer schwätze kënnen.
An hierem Rapport „State of the world‘s nursing“ fuerdert d’WHO d'Regierungen an all concernéiert Acteuren dozou op an d‘Formatioun, d‘Arbeschtsplatzen an de Leadership vun den Infirmièren an Infirmieren ze investéieren. Den Chief Nursing Officer ass eng vun den zentralen Fuerderungen.
Mir freeën eis haut um Dag vun den Infirmièren matdeelen ze kennen, dass d’Gesondheetsministesch eiser Fuerderung vun engem Chief Nursing Officer zu Lëtzebuerg nokommen kann. Dës Fuerderung haaten mir an eiser Pressekonferenz If you’re not on the table you’re on the menu nachmol kloer kommunizéiert.
Duerch dëse Schrëtt kann d‘Roll vun den Infirmieren am Gesondheetsministère gestäerkt ginn. Dënn Chief Nursing Officer ass dowéinst en wichtege Schrëtt an eng immens Wäertschätzung vun der Aarbecht vun all Infirmier(e) wärend an no der Corona-Pandemie!
Méi Informatiounen zum Chief Nursing Officer fannt Dir hei
Eng grouss Wäertschätzung waren och déi vill Ënnerstëtzunge vun der Gesellschaft. Vun Kaffiskichelcher, Hamburger iwer léif Message bis zu gespenter Schutzausrüstung war alles dobäi.
Mir wëlle vun dëser Geleeënheet profitéiere fir nachmol villmools Merci ze soen! Mir sinn duerch déi fréi Reaktioun vun eiser Regierung an der Disziplin vun der Bevëlkerung nachmol kuerz laanscht eng Katastrophe komm an dëse Confinement dreift vill Betriber an eng existenziell Kris!
Merci, dass Dir eis trotz der Kris ënnerstëtzt hutt! Mir wäerten och weiderhin alles ginn, fir eis Populatioun gesond ze fleegen.10.05.2020 D'ANIL huet en neie Logo
Publié le 10. 05 2020Fir Joer 2020 huet d’ANIL e neie Logo ausschaffe gelooss, deen den Infirmieren déi Platz gëtt, déi si verdéngt hunn.
Spréch d’Infirmière / den Infirmier ass déi Persoun, déi de Krees an der Gesondheetsversuergung zou mécht an kuckt, dass et ronn leeft.23.04.2020 Potential vun den Infirmièren an Infirmieren an der COVID-19 Pandemie. Entrevue mat der Gesondheetsministesch
Publié le 29. 04 2020
An engem Schreiwen un eis Gesondheetsministesch Paulette Lenert an d'Direction de la Santé, huet d'ANIL op d'Potenial vun den Infirmièren an Infimieren am Management vun der aktueller Krise higewisen an Fuerderungen kommunizéiert.
Op Invitatioun vun der Gesondheetsministesch hunn mir eis den 23.04.20 mat der Madame Lenert souwéi den Vertrieder vum Gesondheetsministère an der Direction de la Santé getraff. Enner anerem gouf d'Wichtegkeet vum Chief Nursing Officer an dem Coordinateur National des Professions de la Santé ugeschwat. Den Aufgabenberäich d'Positioun am Organigramm vun der Chef-Infirmière, déi laut der Recommendatioun vum ICN an der Conclusioun vum State of the World's Nursing Report um Gesondheetsministère fir d'Fleegepolitik zoustänneg soll sinn waren bis elo zu Letzebuerg nach net transparent festgehaalen.
Esouvill dierfen mir awer verrooden: Dëst wärt sech ganz geschwënn änneren!
Wann Dir noliesen wëllt wéi eng Decisiounen getraff goufen, fannt Dir den Rapport hei.26.03.2020 eConsult. Plateforme de téléconsultation pendant la pandémie du corona virus
Publié le 17. 04 2020eConsult permet au patient d'avoir une consultation en ligne avec son médecin, son dentiste ou sa sage-femme. Cette consultation se déroule soit par audio, soit par vidéo.
15.04.2020 Covid-19 peut être déclaré comme maladie professionelle
Publié le 15. 04 2020Selon l’article 94 du Code de la sécurité sociale, si une infirmière/ un infirmier du secteur de la santé est infecté par le Covid-19 sur son lieu de travail, il peut faire remplir le formulaire de déclaration médicale d’une maladie professionnelle par son médecin traitant si ce dernier estime que la maladie trouve sa cause déterminante dans l’activité professionnelle.