Fakten fir aer Familjenmemberen an Frenn


Eis Präsidentin huet versicht, déi aktuell Fakten iwert den Corona-Virus verständlech zesummen ze faassen. Dësen Message kann gaeren gedeelt gin!

"Et schreiwen mech ëmmer méi besuergten Frënn an Familljememberen un, déi Froen zum Corona-Virus hunn.

Ech kann nëmmen d’Aussoen vun der Gesondheetsministesch bestäerken, dass et elo drëms geet déi vulnerabel, verletzlech Leit ze schützen. Dëst sinn Persounen, déi en Risiko hunn fir duerch den Corona-Virus schwéier ze erkranken. Dobäi handelt et sech z.B. em eeler, krank Leit an den Alters- an Fleegeheemer, Spideeler; Leit mat chroneschen Krankheeten oder Leit mat engem geschwächten Immunsystem,...

Fir Kanner stellt den Virus an der Regel keng Gefor duer. Si kennen den Virus awer liicht iwwerdroen an gi dowéinst “Vecteur” genannt.

Haut krut ech iwwert d’EBM Netzwerk mat den DEGAM-Benefits vum Prof. Michael M. Kochen rezent Zuelen aus Italien (Istituto Superiore di Sanità) gescheckt. Dës kennen iech hëllefen d’Infektiounsgescheihen bei eis besser anzeschätzen.


Grondsätzlech droen all d’Altersgruppen vun der Bevölkerung zur Ausbreedung vun der Virusinfektioun bäi.

Fir Persounen < 50 Joer ...

Den 9ten Mäerz goufen 8342 Persounen an Italien positiv getest (weivill der insgesamt getest goufen, gëtt net beschriwwen).
Alter vun den positiv getesten Persounen ass an 87% > 50 Joer
Dovunner positiv waren:
  • 14 vun 1000 < 19 Joer
  • 220 vun 1000 zwëschen 19-50 an
  • 866 vun 1000 iwwert 51 Joer aal.
70 vun 1000 positiv getesteten Persounen schaffen am Gesondheetswiesen.

Den duerchschnëttlechen Alter waren 65 Joer. 62.1% waren männlech.

Déi duerchschnettlech Zäit zwëschen dem Ufank vun den Symptomer (Zeechen vun der Erkrankung) an der Diagnose waren 3 - 4 Deeg.
Beschwerden vun den positiv getesteten Persounen sinn an 82% NËT kritesch
  • 10 vun 100 vun den positiv getesteten Persounen hate keng Symptomer
  • 5 vun 100 hate ganz wéineg Symptomer
  • 30 vun 100 hate liicht Symptomer
  • 31 vun 100 waren krank, 6 vun 100 haaten schwéier Symptomer an 19 vun 100 waren kritesch krank. (Opgeronnten Zuelen an dowéinst 101%)
Vun den Verstuerwenen waren 56 vun 100 iwwert 80 Joer, 2/3 dovunner hate mindestens 3 chronësch Erkrankungen ewéi z.B. Diabetes, Nierenerkrankungen, Longen- an Haerzgefässerkrankungen asw.

D’Ustiechungsgefor fir jonk Persounen < 50 Joer schéngt geréng, resp. d'Symptomer sinn esou schwach ausgeprägt, dass d'Persounen net getest goufen.

D’Konsequenzen vun enger Ustiechung fir jonk Persounen schéngen an deenen meeschten Fäll net liewensgeféierlech.
>>> Jiddereen vun eiser Gesellschaft muss elo hëllefen déi Persounen ze schützen, déi en Risiko hunn duerch den Corona-Virus schwéier ze erkranken!

>>> Dëst geet am beschten duerch déi üblech Recommandatiounen ewéi z.B.:
  • Vermeit den kierperlechen Kontakt mat aneren Leit (Distanz 1 - 2 Meter)
  • Wäscht iech virum an nom Kontakt mat aneren Leit är Hänn
  • Beréiert Iech net mat den ongewäschenen Hänn am Gesicht (inkl. Aen, Nues, Mond)
  • Telefonéiert mat der Risikogrupp am Platz si perséinlech ze besichen
  • Neitscht an houscht an den Ielebou
    Notzt Pabeiersnuesschnappescher

AD_FR.jpg

Ausféierlech Informatiounen an aktuell Recommandatiounen wat dir soss nach kennt machen fannt dir op der Säit vum Gouvernement.

PS: Firwat ginn d’Mesuren (Schoulen, Spideeler zou,...) eréischt elo getraff?
Well sech elo eréischt déi éischt Leit hei zu Lëtzebuerg infizéiert hunn. Doduerch kann net méi agegrenzt/ ënnerscheet ginn, wien den Virus héchstwarscheinlech huet an wien net. En groussen Deel vun der Bevëlkerung wäert drun erkranken. Elo mussen mir all wéi gesot kucken, dass net déi vulnerabel Leit an sou man wéi méiglech Leit drun erkranken. Eng Iwwerfuerderung vun eisem Gesondheetssystem muss souwäit wéi méiglech vermidden ginn fir deenen wierklech Betraffenen beschtméiglechst hëllefen ze kënnen!"


Dir fannt dës Offer wichteg?

Ennerstëtzt eis an gitt Member vun der ANIL!