Dernières nouvelles
- 15.03.2017 Assemblée générale ANILPublié le 20. 03 2017- De 15ten Mäerz war d'Assemblée générale vun der ANIL. 
 Hei eng aktuell Foto vum Conseil d'administration (CA)- v.l.n.r. Wester Tom, Danielle Meyer, Régine Risch, Nicole Weis-Liefgen, Olga Agostinho, Christian Meyer, Michele Halsdorf (présidente), Marie-France Liefgen, Nadine Schartz, Stefan Raskop, Anne-Marie Hanff, Tina Koch, Rita Velazquez (secrétaire administrative) an Lynn Nothar (Christian Kirwel an Elisabeth Nobrega absents)  
 Leider verléisst d'Cerasela Laptes de CA. Mir soen him villmools Merci fir säin Asaatz a wënschen him alles Gutts.- Gläichzäiteg wëllen mir eis nei Membres cooptées häerzlech am CA vun der ANIL begréissen: - Lynn Nothar,
- Stefan Raskop an
- Tom Wester.
 
 D'ANIL ass mat engem gudden Elan an d'Joer 2017 gestart a mir sinn eis sécher, dass mir mat ärer Ënnerstëtzung nach méi beweege kennen! Op en dynamescht 2017! Rapport_Assemblee_Generale_ANIL.pdf (87 KiB) Rapport_Assemblee_Generale_ANIL.pdf (87 KiB)
- D'Studente ab der BSI 1 kënnen gratis Member vun der ANIL ginPublié le 01. 03 2017 
 Wann ech glift, einfach iwer den Internet-Site umelden.
- Reaktioune vun der Press zum Communiqué iwer d'Pénurie am InfirmiersberuffPublié le 16. 02 2017
 D'ANIL huet den Communiqué iwer d'Pénurie am Infirmiersberuf un d'Lëtzebuerger Press, souwéi un déi zwee betraffen Ministeren geschéckt, d'Madame Lydia Mutsch fir den Ministère de la Santé an den Här Claude Meisch fir den Ministère de l'Education nationale an den Ministère de l'Enseignement supérieur. Hei gesitt dir éischt Reaktiounen aus der Press. 20170124_AnilInfirmier_JL.pdf (847 KiB) 20170124_AnilInfirmier_JL.pdf (847 KiB) 20170215_Wort_Penurie_Infirmier1.pdf (114 KiB) 20170215_Wort_Penurie_Infirmier1.pdf (114 KiB) 20170215_Wort_Penurie_Infirmier2.pdf (126 KiB) 20170215_Wort_Penurie_Infirmier2.pdf (126 KiB) 20170215_Wort_Penurie_Infirmier3.pdf (92 KiB) 20170215_Wort_Penurie_Infirmier3.pdf (92 KiB)
- Pénurie am InfirmiersberufPublié le 20. 01 2017
 De Conseil d’Administration vun der ANIL mécht sech vill Gedanken iwwert den Infirmiersberuf a seng Platz am lëtzebuerger Gesondheetswiesen.
 An Zäite wou d’Pénurie vu lëtzebuerger Fleege- a Medezinspersonal sech ëmmer méi zouspëtzt, gesi mir säit Joren, dass eis Politik net aktiv gëtt. D’Pénurie am Gesondheetswiese gëtt duerch massiivt Astelle vu Personal aus de Nopeschlänner kompenséiert.
 Mir hunn Zifferen zu dësem Thema opgegraff a mir stelle Froen dozou. DChamberbliedche_seet_dANIL_freet2.pdf (285 KiB) DChamberbliedche_seet_dANIL_freet2.pdf (285 KiB)



 Menu
Menu



 Retrouvez-nous sur Facebook
 Retrouvez-nous sur Facebook