Actualités nationales


  • 15.03.2017 Assemblée générale ANIL

    Publié le 20. 03 2017

    De 15ten Mäerz war d'Assemblée générale vun der ANIL.

    Hei eng aktuell Foto vum Conseil d'administration (CA)

    v.l.n.r. Wester Tom, Danielle Meyer, Régine Risch, Nicole Weis-Liefgen, Olga Agostinho, Christian Meyer, Michele Halsdorf (présidente), Marie-France Liefgen, Nadine Schartz, Stefan Raskop, Anne-Marie Hanff, Tina Koch, Rita Velazquez (secrétaire administrative) an Lynn Nothar (Christian Kirwel an Elisabeth Nobrega absents)

    1447933932685.jpg


    Leider verléisst d'Cerasela Laptes de CA. Mir soen him villmools Merci fir säin Asaatz a wënschen him alles Gutts.

    Gläichzäiteg wëllen mir eis nei Membres cooptées häerzlech am CA vun der ANIL begréissen:

    • Lynn Nothar,
    • Stefan Raskop an
    • Tom Wester.


    D'ANIL ass mat engem gudden Elan an d'Joer 2017 gestart a mir sinn eis sécher, dass mir mat ärer Ënnerstëtzung nach méi beweege kennen! Op en dynamescht 2017!

  • D'Studente ab der BSI 1 kënnen gratis Member vun der ANIL gin

    Publié le 01. 03 2017

    Bildschirmfoto_2017-03-13_um_132554.png
    Wann ech glift, einfach iwer den Internet-Site umelden.
  • Pénurie am Infirmiersberuf

    Publié le 20. 01 2017

    De Conseil d’Administration vun der ANIL mécht sech vill Gedanken iwwert den Infirmiersberuf a seng Platz am lëtzebuerger Gesondheetswiesen.

    An Zäite wou d’Pénurie vu lëtzebuerger Fleege- a Medezinspersonal sech ëmmer méi zouspëtzt, gesi mir säit Joren, dass eis Politik net aktiv gëtt. D’Pénurie am Gesondheetswiese gëtt duerch massiivt Astelle vu Personal aus de Nopeschlänner kompenséiert.

    Mir hunn Zifferen zu dësem Thema opgegraff a mir stelle Froen dozou.
  • 01.01.2017 Nomenclature Palliative Care an Nomenclature Infirmière

    Publié le 05. 01 2017

    Ab dem 1. Januar 2017 trëtt zu Lëtzebuerg déi nei Nomenclature Palliative Care a Kraft, a Form vun 2 Forfaits. 
    Gleichzeiteg sin och verschidden Neierungen an der Nomenclature Infirmière an och hei gët et ab dem 1. Januar ënner anerem verschidden Forfait'en.
  • 25.01.2017 Café de l'Infirmière

    Publié le 13. 12 2016

    De 25ste Januar haaten mir eisen éischte Café de l'Infirmière
Première Précédente Suivante Dernière