24.02.2023: Communiqué de presse : D'Infirmièren an Infirmieren an der Visioun 2030 vun der Spidolsfederatioun (FHL). Eng Quantité négligeable?

publié le 25.02.2023

D’Spidolsfederatioun (FHL) huet en halleft Joer no der Virstellung vun der LëtzCare Etüd an een Dag no eiser Pressekonferenz, hiert Livre blanc virgestallt, dat vun engem Aarbechtsgrupp «Visioun 2030 » erschafft gouf.

D'ANIL huet sech d'Dokumenter ugekuckt an als Reaktioun en Pressecomuniqué verfaasst. Eis stellen sech Froen déi mir gären géingen debattéieren.



  • Wou kënnegen déi genannten Innovatiounen sech fir d’Infirmièren an Infirmieren an der Visioun un?
  • Wéi soll d’FHL innovativ politesch Entscheedungen am Sënn vun all hiren Mataarbechter treffen, wann hier Visioun no enger Pandemie an enger gläichzäiteger Penurie aner Gesondheetsberuffer ausschléisst?
  • Wéi eng Roll hunn d’Directions des soins bei der Definitioun vun der Visioun 2030 gespillt ? an
  • Wéi vill Matsproocherecht hunn d’Directions des soins an der FHL ?

Mir leeën der FHL un d’Häerz, hier Visiounen vum Livre blanc an Zesummenaarbecht mat Infirmièren/Infirmieren evtl. den neien Professeren an der Fleegewëssenschaft (Uni.lu) weider ze entwéckelen fir dass aus dem Livre blanc en innovatiivt an richtungsweisend Dokument fir all d’Gesondheetsberuffer an der FHL gëtt.

En Iwerbléck gëtt d'Ines Kurschat vum Luxemburger Wort an hirem Artikel zum d'Livre Blanc an déi fehlend Roll vun den Infirmièren an Infirmieren.

Fannt den ganzen Communiqué hei.

Dir fannt dës Offer wichteg?

D'ANIL finanzéiert sech ausschließlech duerch seng Memberen.

Ennerstëtzt eis fir dass mir eis weiderhinn onofhängeg zu Wuert kenne mellen an gitt Member vun der ANIL!