22.02.2023: ANIL Pressekonferenz: E Pak mat direkte Mesuren fir d'Verbesserung vun den Aarbechtsbedéngungen an der Reform vun der Formatioun

publié le 22.02.2023

Haut huet d'ANIL op enger Pressekonferenz hier kuerzfristeg Léisungen virgestallt, déi schnell eng spierbar Verbesserung um Terrain bréngen an virun de nächsten Walen mussen ëmgesat ginn.

Eis Fuerderungen kennen op 3 Punkten zesummegefaasst ginn:

  1. Schnell a spierbar Aarbechtsentlaaschtung an Hëllef bei Burnout
    Och Infirmièren an Infirmieren hunn en Recht op en gesond Aarbechtsemfeld!
  2. Plang vun enger sënnvoller Reform vum Formatiounssystem
    Mir loossen jo och nemmen Coiffeuren un eis Hoer!
  3. Eegenverantwortlech schaffen
    Schwëster war gëschter!

D'Politik, d'Patronen an d'Gewerkschaften mussen dowéint elo Neel mat Käpp man an decidéieren wéi dës Fuerderungen emgesaat kenne ginn.



Och eng Infirmièren / en Infirmier huet en Recht op en gesond Aarbechtsemfeld

Dowéint hu mir och e Recht op:

  • Mental Gesondheet
    (Formatioun an der Santé mentale, psychologesch Konsultatioun, extern Teamsupervisioun 2x/Joer)
  • Equiliber tescht Aarbecht an Fräizäit
    (Equipes volantes, Schaffplang 2 Méint am viraus)
  • Technesch Ausstattung
    (performant mobil Computeren, automatesch Temperaturregelungen)
  • Administrativ Ennerstetzung
    (1 zousätzlech administrativ Persoun / Service)

Firwat mir nemmen Coiffeuren un eis Hoer loossen!

Dowéint fuerdere mir, dass nach firu de Walen:

  • Den Gesondheetsministère eng Bedarfsberechnung mëscht (wéi vill vun wéiengen Profiller bis wéini gebraucht ginn)
  • Den Educatiouns- an Héichschoulministère:
    • En Plang fir d’Ëmsetzung presentéieren - wéi si der Penurie entgéint wierken an de Bedarf un Infirmièren op Basis vun de Bedarfsberechnungen decken wëllen mat engem duerchgängegen, openeen opbauendem Formatiounssystem.
    • definéieren en Datum zur Ofschafung vun der BTS-Formatioun an der Tëscheléisung, déi spezialiséiert Infirmièren um nämmlechten Niveau ze forméieren ewéi d’Infirmière en soins généraux
    • iwerschaffen den Projet de loi 8079 (Art. 27): Unerkennung vun der 2 Joer BTS-Ausbildung fir Infirmièren an direkten Zougang an dat 3te a lescht Joer am Bachelor
    • schafen eng speziell CEDIES Bourse fir essentiel Beruffer mat enger Penurie

Schwëster war gëschter!

Dowéint fuerdere mir, dass nach firu de Walen:

  • Upassung vun de Gesetzestexter zum Exercice
    vun der Infirmière un d’Realitéit um Terrain
  • Exklusivitéit fir Attributiounen, déi der Infirmière den direkten Patientenkontakt garantéieren
  • Nomenklatur:
    • Manner eenzel Infirmièresakten an Opdeelung vun Actes an prise en charge simple an complexe zur Reduktioun vun der Bürokratie vun den Infirmièren.
    • Aféierung vum Remboursement vum Acte “Consultation infirmière” (Bilan) wou d’Infirmière d’Situatioun erfaasst an de Betraffenen souwéi d’Famill (präventiv) beroden an proaktiv begleeden kann.
    • En Akte fir Imprévuen (Hypoglycémie, Chute, Désorientation, …)
  • Nomenklaturkomissioun: Trennung vun den Verhandlungen fir Soins déi d’Infirmière ouni Ordonnance vum Dokter kann duerchféieren vun den Verhandlungen fir Akten déi si op Ordonnance vum Dokter duerchféieren kann

D'Annette Welsch vum Wort mescht an hierem Artikel eng gutt Zesummefaassung.

Mir hu wärend der Pandemie gewisen, dass d'Gesellschaft op eis zielen kann an mir hu net manner verdéngt ewéi déi heiten Fuerderungen!

Eis Fuerderungen mat weideren Erklärunge kennt dir hei nokucken.

Dir fannt dës Offer wichteg?

Ennerstëtzt eis an gitt Member vun der ANIL!